Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.548 Artikelen an 111 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … de Paul Lauterbur (1929-2007), Nobelpräisdréier fir Medezin 2003, lëtzebuergesch Urgrousselteren hat?
- … de Bäitrëttstraité vu Rumänien a Bulgarien zu der EU 2005 an der Abtei Neimënster ënnerschriwwe gouf?
- … de Jacques Leurs bekannt dofir ass, deen éischte Lëtzebuerger mat schwaarzer Hautfaarf gewiescht ze sinn?
- … d'Brubbel zu Wallenborn deen eenzege Kalwaassergeysir an Däitschland ass, an all déck hallef Stonn Schwiefelgaser ausstéisst?
- … nom Groussherzog Guillaume senger Groussmamm schonns zu Liefzäiten eng Bréisseler Metrosstatioun genannt gouf?
Artikel vun der Woch
D'Plëss d'Arem, dacks och nëmme Plëss genannt, offiziell Place d'Armes, ass eng Plaz an der Alstad vun der Stad Lëtzebuerg. Si gouf, mat de Stroosse ronderëm, am 17. Joerhonnert ënnert dem Gouverneur de Monterey ugeluecht, nodeems de Militäringenieur Louvigny 95 Haiser an der Ënnerstad ofrappe gelooss hat, fir d'Festung ze verstäerken, an dofir hir Awunner an d'Uewerstad ëmquartéiert goufen. D'Plëss an déi néi Stroosse goufen den 10. August 1671 feierlech ageweit.
Se gouf vun Ufank u bis an d'19. Joerhonnert als Paradeplaz benotzt. Dono huet d'Bourgeoisie d’Plaz vun de Zaldoten ageholl, a just Concerte vun der Militärmusek hunn nach un déi militäresch Vergaangenheet erënnert. Den éischte Kiosk ass 1875 um ale Parvis vun der Haaptwuecht opgeriicht ginn, déi op der Ostsäit stoung. Dës gouf ofgerappt fir 1909/10 den Zerkel ze bauen. Op der Westsäit steet dee fréieren Hotel de Gerden aus der zweeter Hallschent vum 17. Joerhonnert, an deem haut d'Cour des comptes ass. Am fréiere Gaart dovun ass 1903 d'Dicks-Lentz-Monument opgerlicht ginn zu Éiere vun de Lëtzebuerger "Nationaldichter" Dicks a Michel Lentz; d'Plaz gouf 1969 nom Jan Palach genannt... > méi

Op engem 25. Juli
- 1824: Gebuert vum lëtzebuergesche Moler Peter (oder Pierre) Brandebourg(er).
- 1834: Doud vum engleschen Dichter a Philosoph Samuel Taylor Coleridge..
- 1905: Den däitschsproochege Schrëftsteller an Nobelpräisdréier Elias Canetti gëtt gebuer.
- 1909: De Louis Blériot flitt als éischte Mënsch vu Calais op Dover iwwer den Äermelkanal.
- 1921: Ënnerschrëft vun der Convetioun iwwer d'Union économique belgo-luxembourgeoise (UEBL).

Concorde - 1969: Den däitsche Moler Otto Dix stierft.
- 1978: Gebuert vum Louise Brown, dem éischte Kand, dat duerch eng kënschtlech Befruchtung op d'Welt kënnt.
- 2000: Eng Concorde fält bei Paräis erof, all 109 Leit déi dra waren, a 4 um Buedem, kommen em d'Liewen.
Kierzlech Verstuerwen

- 13. Juli: Sam Neill, neiséilännesche Schauspiller.
- 12. Juli: Hamad bin Chalifa Al Thani, Emir vu Katar.
- 11. Juli: Marco Barnig, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 8. Juli: Bonnie Tyler, brittesch Sängerin.
- 7. Juli: Joanna Pettet, englesch Schauspillerin.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
