close
Op den Inhalt sprangen

Knorpel

Vu Wikipedia
Schema vum mënschleche Skelett, an deem de Knorpel an de Gelenker blo ervirgehuewen ass.

Knorpel (Latäin: Cartilage) ass eng Form biologeschen Tissu. Méi prezis handelt et sech ëm en elastescht a glat Bindegeweebe.[1]

Knorpel ass halleftransparent an net porös a gëtt meescht vun enger zéier, fasereger Membran, dem Perichondrium, ëmginn. Bei de Landwierbeldéieren schützt de Knorpel d'Enn vun de laange Schanken un de Gelenker a suergt fir eng reiwungsaarm Beweeglechkeet vum Gelenk.[1]

En ass e strukturelle Bestanddeel vu ville Kierperdeeler vum Mënsch, dorënner dem Broschtkuerf, dem Ouer, der Nues, dem Hals an de Bandscheiwen. Bei aneren Déieren, wéi de Knorpelfësch oder de Cyclostomata (op Däitsch: Rundmäuler) representéiert de Knorpel eng vill méi grouss Partie vum Skelett.

De Knorpel ass net esou haart a rigid wéi eng Schank, awer däitlech méi steif a manner flexibel wéi d'Muskelen. An der Reegel wiisst de Knorpel méi séier wéi d'Schanken. Wéinst senger Steifheet déngt de Knorpel dacks dozou, Réier am Kierper opzehalen, zu Beispill d'Réng an der Luftröre.

Well de Knorpel keng Bluttgefäässer enthält, ass en onempfindlech. Eng Rei Faserknorpelen, wéi de Meniskus vum Knéi, sinn awer deelweis duerchblutt.[2]

 Commons: Knorpel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (de) Knorpel. DocCheck Flexikon. Gekuckt den 1. August 2025.
  2. (de) Prof. Dr. Sven Ostermeier, Meniskusriss: Symptome, Therapie, Operation. gelenk-klinik.de. Gekuckt den 1. August 2025.