close
Op den Inhalt sprangen

Ngerulmud

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ngerulmud
Land Palau
Vewaltungseenheet Palau
Awunner 0
Koordinaten 7°30'2"N, 134°37'27"O
Postcode 96939

Ngerulmud ass d'Haaptstad vun der Republik Palau[1], engem Inselstaat am westleche Pazifik. Ngerulmud huet am Joer 2006 d'Roll vun der Haaptstad vum fréiere Verwaltungssëtz Koror iwwerholl.

D'Haaptstad läit am Melekeok State op der Insel Babeldaob, der gréisster Insel vum Land. Se läit ongeféier 30 Kilometer nordëstlech vun der fréierer Haaptstad Koror.

D'Stad läit op engem Plateau an der Mëtt vun der Ostküst vu Babeldaob an ass ëmgi vu Bëscher a klenge Baachen. D'Gebai vum Parlament (Olbiil Era Kelulau), de Presidentepalais an déi wichtegst Regierungsverwaltungen si bannent engem modern entwéckelte Komplex ënnerbruecht.

D'Decisioun fir eng nei Haaptstad ze baue gouf an de spéiden 1990er Jore getraff. D'Regierung vu Palau wollt d'Haaptstad op déi méi grouss Insel Babeldaob verlageren, fir déi wirtschaftlech Entwécklung vum Land besser ze verdeelen an eng méi zentral Lokalisatioun ze garantéieren. De Bau huet mat der Ënnerstëtzung vun Amerika, besonnesch duerch finanziell Hëllef am Kader vum Compact of Free Association, ugefaangen.

Ngerulmud gouf offiziell de 7. Oktober 2006 als Haaptstad deklaréiert, nodeem déi nei Regierungsgebaier fäerdeg waren. Trotz sengem Status als Haaptstad ass d'Bevëlkerung vun Ngerulmud ganz kleng, well et sech haaptsächlech ëm en administrativen Zentrum an net ëm eng klassesch Wunnsiidlung handelt.

Fro vun der Haaptstad

[änneren | Quelltext änneren]

Zënter datt d'Verwaltunge geplënnert sinn, gëtt et en Duercherneen doriwwer, wou d'Haaptstad vu Palau läit. Well Ngerulmud bis 2006 net als onofhängeg Stad existéiert huet, gouf a ville Quellen déi noost Stad Melekeok respektiv de Melekeok State als Haaptstad genannt. Den däitschen Ausseministère (zënter 2015/16) an d'CIA World Factbook nennen Ngerulmud als Haaptstad[2], iwwerdeems d'Websäit vun de Vereenten Natioune Melekeok als Haaptstad betruecht [3] an d'Regierungswebsäit vu Palau nach ëmmer Koror als d'Haaptstad vu Palau nennt[4].

D'palauesch Verfassung vun 1979 huet awer scho festgeluecht, datt Koror d'interim-Haaptstad vun der Republik wier. Eng nei Haaptstad misst spéitstens 10 Joer nom Akraafttriede vun der Verfassung vum Nationalkongress designéiert ginn[5].

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Leit vu Ngerulmud (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Ngerulmud – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Ngerulmud als Haaptstad alignéiert sech un d'Wikien an däitscher, englescher, italieenescher an hollännescher Sprooch.
  2. (en) Country Factsheet. Central Intelligence Agency Archivéiert den 02.07.2025. Gekuckt den 13.07.2025.
  3. (en) General Information. data.un.org. data.un.org. Gekuckt den 13.07.2025.
  4. (en) Physical Features. www.palaugov.pw. Gekuckt den 13.07.2025.
  5. (en) Constitution of the Republic of Palau. www.wipo.int Sektioun 11 (1979). Gekuckt den 13.07.2025.