UNESCO
| UNESCO | |
|---|---|
|
| |
| Land | Frankräich |
| Verwaltungssëtz | Paräis |
| Ënnersteet der/dem | Vereent Natiounen |
| Gegrënnt | 16. November 1945 |
| Um Spaweck | https://unesco.org/en, https://fr.unesco.org, https://es.unesco.org, https://ru.unesco.org, https://ar.unesco.org, https://zh.unesco.org |
|
| |
D'UNESCO oder Unesco ass eng Organisatioun vun de Vereenten Natioune, déi d'Zil huet, de Weltfridden an d'Sécherheet duerch international Zesummenaarbecht an de Beräicher Bildung, Konscht, Wëssenschaft a Kultur ze fërderen. Si gouf 1945 gegrënnt an huet hire Sëtz zu Paräis.[1]
Den Akronym UNESCO steet dir den engleschen Numm United Nations Educational, Science and Culture Organisation.
Aarbecht
[änneren | Quelltext änneren]D'UNESCO organiséiert hir Aarbecht a fënnef grousse Programmen: d'Educatioun, d'Naturwëssenschaften, d'Sozial- a Geeschteswëssenschaften, d'Kultur an d'Kommunikatioun an Informatioun.
Am bekanntsten ass hir Lëscht vum Weltierwen, déi dës a verschidde Kategorien deelt.
Memberen an Nationalkommissiounen
[änneren | Quelltext änneren]2026 hat d'UNESCO 194 Memberstaaten an zwielef associéiert Memberen[2]. Si bilden d'Basis vun der Organisatioun an droen zu hier globaler Missioun bäi.
D'Nationalkommissioune sinn offiziell Gremien, déi vun all Memberstaat etabléiert ginn. Si spillen eng zentral Roll an der Aarbecht vun der UNESCO, fir hir Ziler an de Memberstaaten ze fërderen an an d'Praxis ëmzesetzen. Si bezéien d'Forces vives aus de jeeweilege Länner, déi mat Bildung, Wëssenschaft, Kultur a Kommunikatioun ze dinn hunn, mat an d'Planung, d'Ëmsetzung an d'Evaluatioun vum breet ugeluechten UNESCO-Programm an.
Donieft vertrieden d'Nationalkommissiounen och d'Interesse vun hirem Land an der UNESCO, zum Beispill an deem si Delegatioune op Konferenzen schécken, an informéieren d'Ëffentlechkeet iwwer d'Aarbecht an d'Wäerter vun der Organisatioun.
Wéi déi aner Länner och huet Lëtzebuerg eng eegen Nationalkommissioun. Déi Lëtzebuergesch UNESCO-Kommissioun gouf 1949 gegrënnt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuergesch UNESCO-Kommissioun.
Lëtzebuerg an d'UNESCO
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuerg war 1943 un der Virbereedung op d'Grënnung vun der UNESCO bedeelegt. Besonnesch den Alphonse Als, Kabinettschef vum Ausseminister Joseph Bech, huet sech am Kader vun der Conference of the Allied Ministers of Education (CAME) fir d'Grënnung vun der UNESCO agesat.[3]. D'Land ass der Organisatioun de 27. Oktober 1947 bäigetrueden[4].
Nodeems d'Stad Veianen an d'Buerg 1993 op déi Indikativ Lëscht vun der UNESCO ageschriwwen goufen, ass d'Joer duerno d'Alstad vun der Stad Lëtzebuerg als eng Plaz vum Weltierwe klasséiert ginn.
Zanter dem 10. Juni 1997 ass d'Groussherzogin vu Lëtzebuerg Maria Teresa "Ambassadrice de bonne volonté de l'Unesco pour l'éducation des femmes et des filles"[5].
Vum 15. bis de 17. Mee 2003 war de Kōichirō Matsuura, Generaldirekter vun der UNESCO, op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg. Am selwechte Joer gouf d'Fotosausstellung The Family of Man vum Edward J. Steichen an de Régistre de la mémoire du monde agedroen.
2010 gouf d'Iechternacher Sprangpressessioun op d'Lëscht vum Immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg agedroen. Zéng Joer méi spéit goufen och d'Haupeschbléiser op déi Lëscht gesat.
Den UNESCO-Léierstull fir Mënscherechter op der Uni Lëtzebuerg gouf 2011 ageriicht. De Professer Jean-Paul Lehners war den éischten Titulaire, éier 2019 de Professor Robert Harmsen säi Successeur gouf.[6]
2020 kruten déi eelef Gemenge vum Gemengesyndikat PRO-SUD de Label « Réserve de Biosphère » vun der UNESCO, wéinst de bemierkenswäerten Naturschutzgebidder an engem héichindustrialiséiert Gebitt. Dat Biosphärereservat vermaart sech als Minett UNESCO Biosphere. Zwee Joer drop krut d'Mëllerdall den Titel UNESCO Global Geopark.[7]
Lëtzebuerger Vertriedung an de Comitéen
[änneren | Quelltext änneren]Vun 2005 bis 2009 war Lëtzebuerg fir d'éischt am Exekutivcomité vun der UNESCO vertrueden. Am November 2025, wärend der 43. Generalkonferenz vun der UNESCO zu Samarkand an Usbekistan gouf Lëtzebuerg eng zweete Kéier an dee Comité gewielt, fir d'Period 2025-2029[8].
Donieft was Lëtzebuerg vun 2012 bis 2015 am "Conseil international de coordination du Programme sur l'homme et la biosphère" vertrueden[9].
UNESCO-Konventiounen, déi Lëtzebuerg ratifizéiert huet
[änneren | Quelltext änneren]1955 huet Lëtzebuerg seng éischt UNESCO-Konventioun ratifizéiert, an zwar iwwer d'Auteursrechter. Duerno koumen déi fir de Schutz vun de Kulturgidder wärend bewaffente Konflikter (1961), déi iwwer den Austausch vu Publikatiounen (1967), an déi fir d'Bekämpfe vun der Diskriminéierung am Bildungswiesen (1979) dobäi.
1975 huet Lëtzebuerg Konventioun vu Roum ënnerschriwwen, déi d'Rechter vun ë.a. Kënschtler, Museker a Radiosendere schützt.
An den 1980er an den 1990er goufen nëmmen zwou Konventioune ratifizéiert, iwwer de Schutz vum Weltkultur- a Weltnaturierwen (1983) an iwwer de Schutz vun de Fiichtgebidder (1998).
No der Konventioun iwwer d'Unerkenne vu schoulesche Qualifikatiounen an Europa (2000) huet Lëtzebuerg 2006 direkt dräi Konventioune unerkannt: iwwer d'Erhale vum immaterielle Kulturierwen, géint den Dopping am Sport, a fir de Schutz an d'Fërderung vun der Diversitéit vun de kulturellen Ausdrocksformen.
Mat der Konventioun iwwer Mesuren zum Verbidde a Verhënnere vum net-autoriséierten Export vu Kulturgidder huet Lëtzebuerg 2015 seng bis ewell lescht UNESCO-Konventioun bestätegt.[7]
Generaldirekteren
[änneren | Quelltext änneren]De Generaldirekter oder d'Generaldirektesch vun der UNESCO gëtt an zwou Etappe gewielt. De Exekutivcomité proposéiert Kandidaten, aus deenen dann eng Persoun vun der Generalkonferenz, déi all d'Memberstaate representéiert, fir de Posten ernannt gëtt. Ee Mandat huet eng Dauer vu véier Joer a kann eng Kéier verlängert ginn.
| N° | Bild | Numm | Land | Mandat |
|---|---|---|---|---|
| 1. | Julian Huxley | 1946–1948 | ||
| 2. | Jaime Torres Bodet | 1948–1952 | ||
| – | John Wilkinson Taylor | 1952–1953 (Interim) | ||
| 3. | Luther Evans | 1953–1958 | ||
| 4. | Vittorino Veronese | 1958–1961 | ||
| 5. | René Maheu | acting 1961; 1961–1974 | ||
| 6. | Amadou-Mahtar M'Bow | 1974–1987 | ||
| 7. | Federico Mayor Zaragoza | 1987–1999 | ||
| 8. | Koïchiro Matsuura | 1999–2009 | ||
| 9. | Irina Bokova | 2009–2017 | ||
| 10. | Audrey Azoulay | 2017–2025 | ||
| 11. | Khaled al-Anani | 2025–elo |
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Genot, Gilles, Luxemburg in der UNESCO : Die Anfangsjahre (1943 bis ca. 1950), Hémecht (2019), p. 311-324
- Wolf, Claude, 2015a. Die Unesco sichtbar machen. Den Friedensgedanken weitertragen. Interview mit Großherzogin Maria Teresa. Tageblatt 266: 4-5 (14. November 2015).
- Wolf, Claude, 2015b. Das Denken der Menschen ändern. UNESCO Vor 70 Jahren wurde die Weltkulturorganisation gegründet. Tageblatt 266: 5 (14. November 2015).
- Wolf, Claude, 2015c. Weltorganisation mit Lokalkolorit. UNESCO: Ein Rückblick und seine Luxemburger Auswirkungen. Tageblatt 267: 42-43 (16. November 2015).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: UNESCO – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (en) About Us. unesco.org. Gekuckt den 1. Juli 2026.
- ↑ (en) Member States and Country profiles. unesco.org. Gekuckt den 29. Juni 2026.
- ↑ Genot, Gilles, Luxemburg in der UNESCO : Die Anfangsjahre (1943 bis ca. 1950), Hémecht (2019), p. 311-324, hei S. 313-315.
- ↑ L'UNESCO et le Luxembourg: Donnéées et repères essentiels. Document interne de la Commission nationale pour la Coopération avec l'UNESCO. Dernière mise à jour: avril 2015.
- ↑ (en) Luxembourg Commission for Unesco: Goodwill Ambassador. unesco.public.lu. Gekuckt den 29. Juni 2026.
- ↑ (en) UNESCO Chair in Human Rights. uni.lu. Gekuckt den 29. Juni 2026.
- 1 2 (fr) Commission luxembourgeoise pour l'UNESCO, UNESCO & Luxembourg. unesco.public.lu (net datéiert). Gekuckt den 1. Juli 2026.
- ↑ (fr) Le Luxembourg élu au Conseil exécutif de l'Unesco. mae.gouvernement.lu (7. November 2025). Gekuckt den 29. Juni 2026.
- ↑ Delegéiert waren de Georges Bechet an de Christian Ries vum Nationale Musée fir Naturgeschicht.
