Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.451 Artikelen an 100 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … d'Gemeng Wëntger 2019 déi lescht Gemeng zu Lëtzebuerg war, déi Stroossennimm agefouert huet?
- … den Zolwerknapp en Zeiebierg ass; d. h. en Hiwwel, deen op senger Kopp Reschter vun enger méi haarder Gestengsschicht huet, wéi déi ronderëm, déi erodéiert ass?
- … de Lake Luxembourg a Pennsylvania säin Numm krut, well d'Groussherzogin Charlotte an hirem Exil wärend dem Zweete Weltkrich do en Terrain kaf hat?
- … de Victor Tedesco (1821-1897) aus der Stad Lëtzebuerg an der Belsch wéinst Opruff zur Revolutioun zum Doud verurteelt gouf, spéider awer Affekot, Gemengerot a Provënzialrot zu Arel war?
- … d'Uertschaft Gréiwels fréier Nei-Brasilien housch, well sech do am Joer 1828, op den deemolege Gemengegrenze vu Groussbus, Heischent a Wal, Leit néiergelooss hunn, déi alles verkaaft haten, fir a Brasilien auszewanderen, do awer ni ukomm sinn a veraarmt op Lëtzebuerg zeréckkoumen?
Artikel vun der Woch

De fréiere Stater Tram war en Tram, deen tëscht 1875 an 1964 um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg a verschiddenen Nopeschgemenge gefuer ass.
1874 krut dem Charles de Féral seng Firma Société anonyme du Tramway luxembourgeois (SATL) d'Konzessioun, fir e Päerdstram ze bauen an z'exploitéieren. Den 21. Februar 1875 konnt d'Streck Gare - Kolléisch (Ënneschtgaass) ageweit ginn. Am August 1875 gouf et dräi Linnen.
De Päerdstram gouf 1908 ofgeléist a mat engem elektreschen Tram ersat, dee vun der Stad Lëtzebuerg selwer bedriwwe gouf. Deen hat am Ufank vun den 1930er Joren den Héichpunkt vu senger Popularitéit erreecht: 1930 goufen 8,25 Mio Leit transportéiert, 1937 hat de Schinnereseau seng maximal Ausdeenung vu 37,8 km.
Vun den 1950er Joren u gouf den Tramsbetrib no an no duerch Buslinnen ersat. Nei Quartiere kruten direkt Bus- a keng Tramslinnen. De 5. September 1964 ass op der Linn 10 dee leschten Tram gefuer... > méi

Op engem 9. Juli
- 1441: Doud vum flämesche Moler Jan van Eyck.
- 1816: Argentinien gëtt onofhängeg.
- 1848: Lëtzebuerg kritt seng éischt eege Constitutioun.
- 1886: De lëtzebuergesche Politiker Pierre Prüm gëtt gebuer.
- 1901: Déi brittesch Schrëftstellerin Barbara Cartland kënnt op d'Welt.

Mercedes Sosa - 1928: Gebuert vum spuenesche Vëlossportler an Tour-de-France-Gewënner Federico Bahamontes.
- 1935: Déi argentinesch Sängerin Mercedes Sosa gëtt gebuer.
- 1956: Den US-amerikanesche Schauspiller Tom Hanks kënnt op d'Welt.
Kierzlech Verstuerwen

- 8. Juli: Bonnie Tyler, brittesch Musekerin
- 6. Juli: Henri Metz, lëtzebuergeschen Neurolog.
- ≤ 26. Juni: Edmond Thill, lëtzebuergesche Konschthistoriker.
- 24. Juni: Ann Blyth, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 22. Juni: Alan Greenspan, US-amerikanesche Ekonomist.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
