close
Op den Inhalt sprangen

Heed

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Planzenaart Heed. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Heed (Homonymie).
Heed
Heed (Calluna Vulgaris)
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Ericales
Famill Ericaceae
Gattung Calluna
Wëssenschaftlechen Numm
Calluna vulgaris
L., Hull

D'Heed (Calluna vulgaris) ass déi Aart vun der monotypescher Pflanzegattung Calluna, déi zu der Famill vun den Heedekrautplanzen (Ericaceae) gehéiert. Si ass déi dominant Planzenaart an der Heedlandschaft.

Illustratioun vum Otto Wilhelm Thomé

Et ass en ëmmergréngen Trausch mat niddregem Wuess, deen tëscht 20 a 50 cm héich ka ginn, och alt der 60, siele bis zu engem Meter. E wiisst lues a ka bis zu 40 Joer al ginn. En ass wäitleefeg an Europa a Klengasie verbreet, wou en op sauere Biedem an opppene sonnege Lage mat net zevill Schiet wiisst.

Nieft den Heedlanschaften, wou se déi dominant Planz ass, wiisst d'Heed och a Moueren, Torflandschaften a Pinien- an Eechebëschlandschafte mat sauerem Buedem. Se wiisst no wa se ofgegraast gouf oder bei liichte Bëschfeieren.

Heed huet kleng Blieder, net méi wéi 2–3 mm laang, déi zu zwee an zwee no uewe wuessen. Se blitt vu Juli bis September, d'Bléie si gewéinlech mof, 1 bis 4 mm laang, a wuessen a Kluddere wéi Drauwen.