Jo Cox
| Jo Cox | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Helen Joanne Leadbeater |
| Gebuer |
22. Juni 1974 Batley |
| Gestuerwen | 16. Juni 2016 |
| Doudesursaach | Stéchwonn |
| Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
| Educatioun | London School of Economics |
| Aktivitéit | Politikerin |
| Partei | Labour Partei |
| Famill | |
| Bestuet mat | Brendan Cox (–16.6.2016) |
| Websäit | http://www.jocox.org.uk |
|
| |
D'Helen Joanne ("Jo") Cox, gebuer den 22. Juni 1974 zu Batley, am West Yorkshire, als Helen Joanne Leadbeater[1], a gestuerwen de 16. Juni 2016 zu Leeds, war eng brittesch Politikerin (Labour Party).
Si war vun 2015 bis zu hirer Ermuerdung Deputéiert am House of Commons fir de Walkrees Batley and Spen.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]D'Jo Cox, gebuer Leadbeater, war d'Duechter vun engem Fabrécksaarbechter. Si huet op der University of Cambridge (Pembroke College) Archeologie an Anthropologie, dono Soziologie a Politikwëssenschaft studéiert.[2][3]
Dono huet si bis 1997 als politesch Conseillère geschafft, dunn 1998/99 d'Campagne Britain in Europe geleet, a vun 2000 bis 2002 fir d'Europadeputéiert Glenys Kinnock geschafft. Dono war si vun 2002 bis 2009 bei Oxfam beschäftegt, 2009 bis 20011 als Direktesch vun der Maternal Mortality Campaign (2009–2011), dann nach fir Save the Children an d'National Society for the Prevention of Cruelty to Children (NSPCC) a war Grënnerin an Direktesch vun UK Women (2013–2014). Och huet se als Beroderin fir de Freedom Fund on Slavery (2014) an d'Bill & Melinda Gates Foundation (2014–2015) geschafft.[4]
De 16. Juni 2016 gouf d'Jo Cox am Virfeld vum Brexit-Referendum no enger Spriechstonn fir Bierger zu Birstall, vun engem 52-järege Britt, deem dono Verbindunge mat der Neonazi-Zeen nogewise goufen, ugeschoss a mam Messer ugegraff, sou dass se liewensgeféierlech blesséiert gouf a kuerz dono am Spidol gestuerwen ass.[5][6]
Direkt nom Attentat goufen d'Refernedumscampagnë souwuel vun den Adepte wéi och vun de Géigner vun engem Brexit fir 3 Deeg ënnerbrach.[7]
Si war mam Brendan Cox, engem politesche Conseiller vum Gordon Brown, bestuet, a Mamm vun zwee Kanner.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]
Zu Éiere vun der Jo Cox goufen eng Plaz zu Bréissel, d'Place Jo Cox / Jo Cox plein an zu Kassel (Jo-Cox-Weg), zu Avallon an zu Mamer (rue Jo Cox) eng Strooss no hir genannt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Jo Cox – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Jo Cox op der Websäit vum House of Commons
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Birgit Gärtner: Jo Cox: Worüber niemand spricht." heise.de, 21.06.2016 (archivéiert)}
- ↑ Louise Tompkins: "Jo Cox MP (1974–2016)". 16.06.2016.
- ↑ Joe Robinson: Pembroke College ‘deeply shocked and saddened’ by death of alumna Jo Cox MP. Varsity, 16.06.2016.
- ↑ Julia Langdon: Jo Cox obituary. In: The Guardian. 16.06.2016.
- ↑ Mord an Politikerin: Cox hatte schon früher Drohungen erhalten. faz.net, 17. Juni 2016.
- ↑ Danny Boyle: Labour MP Jo Cox fights for life after being shot outside library near Leeds by attacker who allegedly shouted ‘Britain First’ as man, 52, is arrested. The Daily Telegraph, 16. Juni 2016.
- ↑ „Brexit“-Kampagnen unterbrochen: Politikerin war „Brexit“-Gegnerin. orf.at, 16.06.2016.
