close
Op den Inhalt sprangen

Suedler

Vu Wikipedia
E Suedler bei der Aarbecht

E Suedler (fr. bourrelier oder sellier) ass en Handwierker, dee Siedel oder anert Päerdsgeschier aus Lieder fabrizéiert, wéi z. B. d'Zamgeschier oder Rimmen. Et ass e Beruff, deen hautdesdaags esou gutt wéi ausgestuerwen ass.

An de Stied huet de Suedler gemenkerhand a sengem Atelier geschafft a sech ëm d'Siedel vu Kutschendéiere gekëmmert, iwwerdeems en iwwer Land dacks do geschafft huet, wou d'Postkutsche stallgehalen hunn.

D'Aarbechtsgeschier vum Suedler sinn: Messeren a Schéieren, Pëtzzaange fir Lächer ze maachen, Bitznolen, Pinselen a Biischte fir d'Lieder ze fierwen an anzefetten.

De Familljennumm Sadler geet op de Beruff zeréck.

  • Orlewski-Eyschen, Jacqueline, Duhr, Nicole et al. Et war een deemools net méisseg: Al Beruffer a Broutverdéngschter, Band 1. Itzig: RBS, 2009. ISBN 9782959972157
  • Orlewski-Eyschen, Jacqueline, Duhr, Nicole et al. Et war een deemools net méisseg: Al Beruffer a Broutverdéngschter, Band 2. Itzig: RBS, 2010. ISBN 9782959972167
 Commons: Suedler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]