close
Op den Inhalt sprangen

Gemeng Lenneng

Vu Wikipedia
Gemeng Lenneng
d'Märei vu Lenneng zu Kanech
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Lenningen
de: Lenningen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Réimech
Gemeng Kanton Réimech
Chef-lieu Kanech
Buergermeeschter Tim Karius (Är Equipe)
Awunner 2.114
  1. Januar 2026
Fläch 2.035 ha
Héicht 189 m
Koordinaten 49° 36’ ’’ N
       22’ ’’ O
LAU-Code LU1203
Websäit https://lenningen.lu/

Kaart

„Basilika“ vu Lenneng

D'Gemeng Lenneng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réimech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Kanech.

D'Gemeng huet 2.114 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[3]

[änneren | Quelltext änneren]

Häff a Lieu-diten

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Lenneng ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

Beschreiwung am Originaltext:

écartelé d'or et d'argent à la croix de gueules brochant, cantonnée des pièces d'une croix ancrée déjointe du même
D.C. 5. Oktober 1988 - A.M. 10. Oktober 1988 - Mémorial B 1988, Säit 842 - Projet: Marcel Lenertz 1988

Demographesch Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]
AwunnerJoer60090012001500180021002400180018501900195020002050AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

De Gemengerot vun der Gemeng Lenneng gëtt nom Majorzsystem gewielt.

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • 1843 - 1849: M. Erpelding[4]
  • 1849 - 1854: M. Dondelinger
  • 1854 - 1873: M. Erpelding
  • 1873 - 1880: Théodore Linden
  • 1880 - 1888: J. Th. Gaasch
  • 1888 - 1900: J. Koppes
  • 1900 - 1909: J. Th. Gaasch
  • 1909 - 1915: J. Rauen[4][5]
  • 1915 - 1928: Michel Dondelinger
  • 1928 - [≥1934]: Michel Ehlinger[5]
  • ...
  • ... - 2022: Arnold Rippinger
  • zanter 2022: Tim Karius

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Lenneng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Gemeng Lenneng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 29. Juli 2026.
  3. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen, déi de Kadaster unhand vu sengen Attributiounen, déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am « Registre national des localités et des rues » opgezielt sinn. Häff a Lieu-dite sinn déi localités, wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn. Verschiddener goufen allerdéngs un d'Schreifweis vun haut ugepasst.
  4. 1 2 Die Bürgermeister im Distrikt Grevenmacher 1843—1933. In: Obermosel-Zeitung, 54. Jg., nº 81, Drittes Blatt (07.04.1934), p. 1 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  5. 1 2 Die Bürgermeister im Distrikt Grevenmacher 1843—1933. In: Obermosel-Zeitung, 54. Jg., nº 87, Erstes Blatt (14.04.1934), p. 2 [Digitised by the National Library of Luxembourg].