close
Op den Inhalt sprangen

Libyen

Vu Wikipedia
دولة ليبيا
Daulat Lībiyā
Staat Lybien
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Arabesch
Haaptstad Tripolis
Staatsform Republik
Staatsleedung
President vum Presidentschaftsrot Mohamed al-Menfi
Premierminister vu Libyen Abdulhamid Dabaiba
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 1.759.541 km²
(17. Plaz)
Bevëlkerung 7.381.023 (2024)
(108. Plaz)
Bevëlkerungsdicht 3,55 Awunner/km²
Geschicht a Staatssymboler
Onofhängegkeet 10. Februar 1947 (vun Italien)
24. Dezember 1951 (vun UN-Verwaltung)
Nationalhymn ليبيا ليبيا ليبيا ("Libyen, Libyen, Libyen")
Praktesch Informatiounen
Wärung Libeschen Dinar (LYD)
Zäitzon UTC +2
Internet-TLD .ly
Internationalen Telefonsprefix +218

Libyen, offiziell Staat Libyen (op Arabesch: دولة ليبيا), ass e Staat am Norde vun Afrika.

Libyen grenzt am Norden un d'Mëttelmier, am Osten un Egypten an de Sudan, am Süden un den Niger an den Tschad an am Westen un d'Maghreb-Staaten Tunesien an Algerien.

D'Wüst Sahara bedeckt 85 % vun der Fläch vum Land. Nëmmen 2 % vum Land kënne landwirtschaftlech benotzt ginn. Et ass eent vun de wéinege Länner op der Welt an deem et kee stännege Waasserlaf gëtt. Et gëtt just e puer Wadien déi awer nëmme Waasser hu wann et ganz staark gereent huet.

Libyen huet säin Numm vum Berber-Stamm Libu, vun deem dat griichescht Wuert Libyè ofgeleet ass.

 Commons: Libyen – Biller, Videoen oder Audiodateien