close
Op den Inhalt sprangen

Kanton Vaud

Vu Wikipedia
Kanton Vaud
Allgemenges
Gegrënnt 1803
Gehéiert zu franséisch Schwäiz, Groussregioun Genfer Séi
Offiziell Sprooch Franséisch
Chef-lieu Lausanne
Besteet aus Distrikt Aigle, Distrikt Broye-Vully, Distrikt Gros-de-Vaud, Distrikt Jura-Nord vaudois, Lausanne, Distrikt Nyon
Autosplack VD
Websäit https://www.vd.ch/
Demographie
Awunner 845.870
  1. Januar 2024
Geographie
Koordinaten 46°36'N, 6°33'O
Fläch 3.211,94 km²
Héchste Punkt (3.210 m)
Déifste Punkt Genfer Séi (372 m)
Grenzt un Neuchâtel, Fribourg, Bern, Wallis, Genf, Departement Ain, Departement Jura, Departement Doubs, Departement Haute-Savoie, Auvergne-Rhône-Alpes, Bourgogne-Franche-Comté
Lag vum Kanton Vaud an der Schwäiz

Vaud (de. Waadt, fr. Vaud, it. Vaud, rm. Vad, gsw. Wadt, Wadtland) ass ee vun de 26 Kantonen an der Schwäiz; e gehéiert zur franséischer Schwäiz. De Chef-lieu ass Lausanne.

De Kanton huet 845.870 Awunner (Stand 1. Januar 2024)[1] an ass 3.211,94 km² grouss; d'Bevëlkerungsdicht läit deemno bei 263,35 Awunner / km²[2].

De Kanton Vaud läit am Weste vun der Schwäiz. Am Weste gëtt bal seng ganz Grenz vum Genfer Séi gemaach an am Oste stéisst en un de Neuenburger Séi. Am Nordweste grenzt en un déi franséisch Departementer Ain, Jura an Doubs, am Südwesten un de Kanton Genf, am Südosten un de Valais, am Osten un d'Kantoner Freiburg a Bern an am Nordosten u Neuenburg. Iwwer de Genfer Séi ewech stéisst en un d'franséischt Departement Haute-Savoie.

Am Nordoste vum Kanton ass Avenches eng Exklav am Kanton Freiburg.

De Kanton Vaud huet dräi Enklave vum Kanton Freiburg, an am Südweste Céligny aus dem Kanton Genf

D'Amtssprooch ass Franséisch an de gréissten Deel vun der Bevëlkerung ass protestantesch.

Déi meescht Leit wunnen am Stadgebitt vu Lausanne, an der Agglomeratioun vu Montreux - Vevey an zu Yverdon-les-Bains. Aner grouss Uertschafte si Morges, Renens a Rolle.

De Kanton besteet aus follgenden Distrikter(Stand: 01.01.2024)[3]:

Distrikt Awunner
Aigle 49.221
Broye-Vully 47.068
Gros-de-Vaud 48.086
Jura-Nord vaudois 95.924
Lausanne 173.676
Lavaux-Oron 65.125
Morges 88.378
Nyon 107.084
Ouest lausannois 82.535
Riviera-Pays-d'Enhaut 88.773
Total 845.870

Vun 1803 bis 2008 war de Kanton an 19 Distrikter agedeelt:

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gemengen am Kanton Vaud.

 Commons: Kanton Vaud – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. https://dam-api.bfs.admin.ch/hub/api/dam/assets/36073801/master; consultéiert den: 14. Januar 2026.
  2. Awunner a Fläch ginn automatesch vu Wikidata agebonnen.
  3. (de) Bilanz der ständigen Wohnbevölkerung nach Bezirken und Gemeinden, 1991-2024. dam-api.bfs.admin.ch. Gekuckt de 15.01.2026.